# Nachst Statioun App

> Adventure

Canonical page: [https://chrome-stats.com/d/id1578851475](https://chrome-stats.com/d/id1578851475)

## Overview

- **ID:** `id1578851475`
- **Platform:** Apple
- **Type:** Apple app
- **Status:** Available
- **Publisher:** Yaaargames
- **Category:** Adventure
- **Version:** 2.14
- **Last updated:** 2025-11-07
- **First published:** 2021-09-27
- **Size:** 668 MB
- **Data as of:** 2026-09-05
- **Store listing:** [Apple App Store](https://apps.apple.com/de/app/nachst-statioun-app/id1578851475?l=en-GB)
- **Website:** [https://www.zeiltproductions.com/productions-gb](https://www.zeiltproductions.com/productions-gb)
- **Privacy policy:** [https://unity3d.com/fr/legal](https://unity3d.com/fr/legal)

## Description

Loscht op Abenteuer an Entdeckunge mat der ganzer Famill? Da klammt u Bord vum Raumschëff fir direkt ofzehiewen!


D'Applikatioun Nächst Statioun proposéiert dir, de Personnagen aus der Serie ze hëllefen, hir Missioun ze erfëllen. Gläichzäiteg léiers du mat hinne vill spannend Saachen iwwer Lëtzebuerg an d'Groussregioun.


Ob s du e jonken Entdecker oder en erfuerenen Archeolog bass, luet d'Applikatioun erof an erfëll deng Missioun direkt op der Plaz fir d'Geheimnisser vu wonnerschéine Schlässer, Monumenter an der Natur ze entdecken.


Mat der Applikatioun kanns du onvergiesslech Toure mat der Famill maachen, mat innovative Rätselen an erweiderter Realitéit!


Wann s de bei de villen Aktivitéite vun der Applikatioun matmëss, kann du flott Souveniren, eenzegaarteg Trophäen oder dosende vun neie Kostümer fir deng Personnage sammelen.


Mat der Applikatioun Nächst Statioun:
-	gesäis de deng liiblingspersonnagen u bord vun hirem Raumschëff
-	léiers de informatiounen iwwer vill verschidde plazen zu lëtzebuerg an an der groussregioun
-	kanns de direkt op der plaz eenzegaarteg objete sammelen
-	kanns de op innovativ aart a weis no schätz sichen an u spezielle missiounen an erweiderter realitéit deelhuelen
-	entdecks de spannend anekdoten, déi de papish, den archeolog aus dem weltall, erzielt
-	kanns de däi wëssen an illustréierte quizzen testen
-	kanns de amusant Kostümer fabrizéiere fir däi Stil ze verbesseren an ze personaliséieren!
-	gewënns de wonnerschéin trophäe vun dengen helden


Et gëtt vill Plazen a Monumenter ze entdecken:
am veianer schlass a sengem mëttelalteruniversum gëss du zum ritter
- Erfuersch d'Labyrinth vum spannende Bockfiels
- Komm an d'magesch Welt vum Parc Merveilleux vu Beetebuerg
- Erweis den Zaldoten d'Éier, déi um Wee vum Schumannseck hiert Liewe gelooss hunn
- Rees an d'Antiquitéit an der Réimervilla vun Iechternach
- An entdeck nach vill aner genee esou aussergewéinlech Plazen!


De Patrimoine entdecke gëtt e Kannerspill, fir Grouss a Kleng.
Op wat waart Dir? Luet d'Applikatioun erof a reest emol anescht: andeems dir iech amuséiert!

## Rankings

- #1,126,676 — Overall

## Similar extensions and apps

- [Expedition Brandis](https://chrome-stats.com/d/id1637119921)
- [Spannende Schnitzeljagd](https://chrome-stats.com/d/id6773732871)
- [minimare](https://chrome-stats.com/d/id1456224865)
- [Salzgitter Spürnasen](https://chrome-stats.com/d/id1590331816) — 4.00 / 5
- [Herberstein](https://chrome-stats.com/d/id1551200904)
- [Unsere Burgen](https://chrome-stats.com/d/id1643305500)
- [Braddel Babbel](https://chrome-stats.com/d/id6747384460)
- [Interactive Tours](https://chrome-stats.com/d/id1575201174) — 5.00 / 5
- [Schatzsuche in der GrimmHeimat](https://chrome-stats.com/d/id596760725)
- [Stempelpass](https://chrome-stats.com/d/id1255873088)
- [Wormser Schätze](https://chrome-stats.com/d/id1348490900)
- [scenario.app](https://chrome-stats.com/d/id1574162386)

---

Source: [Chrome-Stats](https://chrome-stats.com/d/id1578851475)
